Drock kéint wuessen a Fläsche brieche loossen"Aperol Spritz" vun der Mark "Pizzolato" goufe kontaminéiert

RTL Lëtzebuerg
Duerch d'Kontaminatioun vu verschiddene Fläsche kéint et zu enger zweeter Fermentatioun an domadder zum Brieche vum Glas kommen.
© RTL

Wéi d'Liewensmëttelsécherheet (Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire) e Freideg matdeelt, koum et zu enger Kontaminatioun wärend dem Verpake vun de betraffene Fläschen. Konkret geet et ëm d'275 ml-Gedrénksfläsche mam Numm "Spritz Apertivo 0.0 Alcohol Free" vun der Mark Pizzolato. Dës Fläsche sollen an sech haltbar bis den 30. Abrëll 2028 sinn an d'Nummer L.26113A hunn.

Duerch d'Kontaminatioun vu verschiddene Fläsche kéint et ënner Ëmstänn zu enger zweeter Fermentatioun kommen, dëst léisst den Drock an der Fläsch klammen, sou dass dës baschten, respektiv brieche kann.

Weider Detailer ginn et um offizielle Site vun der Liewensmëttelsécherheet.

Back to Top
CIM LOGO