Gutt zwee Joer, nodeems en Hotel zu Kröv an Däitschland an de Koup gefall war, gouf elo en Ingenieur fir Baustatik vum Tréierer Parquet wéinst Homicide involontaire an onfräiwëlleger Kierperverletzung ugeklot.
D'Gebai un der Musel war de 6. August 2024 zesummegefall. Ee ganze Stack war carrement agesackt. Eng Fra an den Hotelsbesëtzer goufen deemools dout gebuergen. Aacht Persounen, dorënner eng hollännesch Famill mat engem Kand vun zwee Joer, déi am Hotel an der Vakanz waren, konnten deemools blesséiert gerett ginn.
De beschëllegte Statiker war virum déidleche Virfall als Co-Proprietär vun engem Ingenieurbüro mat enger Expertis vun engem Rëss un der Mauer vum Hotel beoptraagt ginn. Dem Parquet no hätt de Mann verkannt, datt d'Gebai riskéiere géing, an de Koup ze falen an deemno och keng Mesuren en place gesat, fir datt dat net geschéie kéint, respektiv de Betrib vum Hotel gestoppt géing ginn.
Wéi aus enger Expertis am Laf vun den Ermëttlungen ervir geet, war de Grond fir den déidleche Virfall e Versoe vum Material. An den 80er Jore waren zwee zousätzlech Stäck op eng existent Konstruktioun gebaut ginn. Mat der Zäit war Holz gefault an et koum zu Rëss. Wéinst dëse Rëss hunn d'Hotelsbedreiwer e Statiker beoptraagt an an der Suite goufen et Bauaarbechten. Wann de Statiker bei deem Chantier déi richteg Mesuren en place gesat hätt, hätt d'Katastroph kënne verhënnert ginn, sou d'Expertis. E Fachmann hätt missten erkennen, datt d'Baustruktur wärend de Chantiersaarbechten ëmmer méi labil gouf.
Dat ganzt Schreiwes vum Tréierer Parquet fannt Dir hei.