Schreiwes vun der GesondheetskeessReserve vun der Fleegeversécherung leie bei 610 Milliounen Euro, zousätzlech Depense wäerte klammen

RTL Lëtzebuerg
D‘Gesondheetskeess huet den Decompte gemaach an dësen e Freideg presentéiert.
© RTL Archive

Zejoert goufen bei der Fleegeversécherung eng 48 Milliounen Euro manner ausginn, wéi der erakomm sinn. Gläichzäiteg war deen Excedent dat Joer virdrun mat 80 Milliounen awer nach bal duebel esou grouss.

D‘Reserv läit elo bei ronn 610 Milliounen Euro. Dësen Decompte géif weisen, datt déi finanziell Situatioun vun der Fleegeversécherung kuerzfristeg stabil ass, ma datt et gëllt opzepassen, well d‘Defien an zousätzlech Depensen an den nächste Joren nach wäerte klammen, heescht et am Schreiwes vun der Gesondheetskeess.

Schreiwes vun der Gesondheetskeess

Back to Top
CIM LOGO