Garer Quartier2 onbekannt Täter féieren hiert Affer hannert d'Liicht

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass de Virfall e Sonndeg an der Géigend vun der Kräizung tëscht der Rue d'Epernay an der Rue du Fort Wedell, an der Géigend vun der Stater Gare.

D’Method ass albekannt: D’Täter hunn hei e Mann an e Gespréich verwéckelt an dësen dunn an den Aarm geholl. Dobäi gouf dem Affer den Handy aus der Täsch geklaut. Kuerz drop sinn déi 2 a Richtung Rue Joseph Junck geflücht.

Déi uschléissend Sich no den Täter säitens der Police ass ouni Resultat ausbliwwen. Ermëttlunge goufen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO