Rapport vum Europäesche Rechnungshaff Et sollt een aus de Feeler vun der Vergaangenheet léieren

Fanny Kinsch
Dat sot d’Joëlle Elvinger um Freideg no hirer Presentatioun vum Rapport vum Europäesche Rechnungshaff fir 2025 an der zoustänneger Chamberkommissioun.
© RTL

D’Juristin vertrëtt Lëtzebuerg am Europäesche Rechnungshaff. Dee warnt virun enger ze héijer Verschëldung an der EU. An der Chamber gouf um Freideg de Rapport vum Europäesche Rechnungshaff fir 2025 virgestallt – dora gëtt festgestallt, dass nach ëmmer ze vill Gelder net do ukommen, wou se sollen.

D’EU-Memberstaate streiden aktuell iwwert de pluriannuelle Budget fir 2028 bis 2034. Virun deem Hannergrond ass d’Aschätzung vum Europäesche Rechnungshaff natierlech interessant. Dee weist drop hin, datt d’Schold d’nächst Joer schonn op eng Billioun Euro kéint klammen. Dat wier immens vill, esou d’Joëlle Elvinger, a beim nächste Budget wier vill Potential fir nei Scholden.

“Virun allem, dass och am Kader vun deenen nationale Pläng nees Finanzéierungsméiglechkeeten derbäi sinn, fir vun, ech mengen, 150 Milliarden Euro, déi iwwer Schold kommen. Dat heescht, et besteet wierklech de Risiko, dass d'EU sech nach vill méi verschëlt. A mir sinn elo schonn an enger Situatioun, wou mer mussen d'Zënse bezuele vun deene Scholde vum Next Generation EU, wat och e ganz groussen Deel vun deem nächste Budget wäert ausmaachen.”

Den Next Generation EU, dat ass de Finanzéierungspak deen decidéiert gi war, fir dass d’Wirtschaft sech vun der Covid-Kris erhuele kéint. Dobäi kommen d’Engagementer vis-à-vis vun der Ukrain, déi natierlech och en Impakt op de Budget hunn.

“Et ass net un eis, fir eis politesch ze äusseren, ob dat gutt oder schlecht ass. Mee mir weisen einfach drop hin, op d'Risikoen, déi am Budget bestinn.”

De Rapport 2025 vum europäesche Rechnungshaff fält gréisstendeels positiv aus, bei den Depense gëtt et awer eng schlecht Nott. Do gouf et eng Feelerquot vun 3,8 Prozent, dat heescht 3,8 Prozent vun de Suen aus dem EU-Budget sinn net do ukomm, wou se sollten. Den DP-Deputéierten a Vizepresident vun der Finanzkommissioun André Bauler gëtt e Beispill:

“Do ass dat Bild vum Zitrounebam gezeechent ginn, en Zitrounebam, deen eigentlech sollt geplanzt sinn. A wann een dann op d'Plaz kucke geet, da steet dee Bam iwwerhaapt net do.”

Dem Rechnungshaff no sollt d’Feelerquot héchstens bei 2 Prozent leien. Fir d’Deputéiert aus den zoustännege Chamberkommissioune war et interessant ze gesinn, wou d’Feelerquot méi respektiv manner héich wier. Den CSV-Deputéierte Jeff Boonen:

“D’Madamm Elvinger huet gesot, dass déi Fongen, déi direkt vun Europa ausbezuelt ginn, eng vill manner héich Feelerquot hunn, mengen ech, dat weist, datt et awer derwäert ass, och Fongen ze hunn, déi vun Europa aus Suen auszebezuelen, wéi zum Beispill an der Agrarpolitik, wou vill Fonge sinn, wou direkt Suen un d'Baueren an d'Landwirtschaft ausbezuelt ginn, well do vill manner Feeler sinn.”

De Piratendeputéierte Sven Clement weist drop hin, datt d’Feelerquot beim Europäeschen Entwécklungsfong bei 10 Prozent léich, aner Fonge stéinge ganz gutt do.

“Soudatt ee mierkt, datt ee vläicht och e bësse méi cibléiert muss an Zukunft dohi kucken, wou d'Problemer sinn.”

Wa Suen net do ukommen, wou se sollen, ass net onbedéngt ëmmer Bedruch am Spill. Et ginn awer och där Fäll, déi dem Europäesche Rechnungshaff bei sengen Iwwerpréiwungen opfalen an dann un déi zoustänneg Autoritéite weidergëtt. Den LSAP-Deputéierten a President vun der Budget-Exekutiouns-Kommissioun Dan Biancalana:

“Wat awer mengen ech positiv ass, ass tëschent dem Europäesche Rechnungshaff an de repressiven Autoritéiten, wéi dem Parquet Européen, besteet eng gutt Zesummenaarbecht, fir eben deene Fraudë kënnen och nozegoen, wat natierlech och en Impakt huet op d’Exekutioun vum Budget vun der Europäescher Kommissioun.”

Interessant fir zukünfteg Budgete wier dem LSAP-Deputéierten no och, datt den Europäesche Rechnungshaff Beräicher identifizéiert hätt, an deene Recetten net erakommen. Zum Beispill géingen nach ëmmer ganz vill illegal Tubaksproduite verkaf ginn.

Back to Top
CIM LOGO