Um Fridhaff20 Verstéiss bei Camionskontroll constatéiert

RTL Lëtzebuerg
Tëscht 10 a 15 Auer e Mëttwoch huet d'Police um Fridhaff eng Verkéierskontroll gemaach. Am Fokus stoungen haaptsächlech Camionen.
© Police

Bei den 12 Camionen, déi kontrolléiert goufen, goufen am Ganzen 20 Infraktioune constatéiert.

An aacht Fäll goufen et Probleemer mam Sécherheetsequipement vun de Gefierer. Iwwerdeems hate sech aacht Chaufferen net un d’Virschrëfte fir den Transitverkéier gehalen an an dräi Fäll gouf et Verstéiss géint d’Virschrëften, wat d’Aarbechts- an d’Rouzäite betrëfft. Ee Chauffer krut e Protekoll, well hie seng Charge net richteg geséchert hat.

Back to Top
CIM LOGO