Manifestatioun virun der Chamber"No dësem Summer wësse mir alleguer, d’Klimakris ass do"

Julie Thilges
Fir d’parlamentaresch Rentrée sinn en Dënschdeg de Mëtteg Klima- a Mënscherechtsorganisatioune virun der Chamber zesummekomm, an hunn op d’Klimakris opmierksam gemaach an hir Fuerderungen un d’Politik geriicht.

“What do we want? Climate justice! When do we want it? Now!” ("Wat wëlle mir? Klimagerechtegkeet! Wéini wëlle mer dat? Elo!”) war méi wéi eng Kéier virun der Chamber ze héieren. Ënnert dem Slogan “Et brennt! Nach ëmmer!” hunn déi ronn 50 Manifestanten appelléiert, dass d’Klimakris déi absolutt Prioritéit misst sinn an der Politik.

Grad fir d’parlamentaresch Rentrée misst de Klimawandel am Vierdergrond stoen, esou de Gauthier Hansel vu Greenpeace Lëtzebuerg: “Maintenant on est en octobre, les températures sont descendues. Et notre message est vraiment d’apprendre les leçons de cet été, on veut plus d’actions climatiques, et plus d’ambitions à la rentrée, pour que les députés finalement comprennent que le climat n’est pas une priorité comme les autres, mais la priorité qui rend toutes les autres possibles. Et que notre économie, notre budget, notre agriculture, sont directement liés à un climat stable.”

"Et brennt! Nach ëmmer!": D'Klimakris als absolutt Prioritéit an der Politik  
Fir d’parlamentaresch Rentrée si Klima- a Mënscherechtsorganisatioune virun der Chamber zesummekomm, an hunn op d’Klimakris opmierksam gemaach.

Symbolesch um Buedem louchen d’Bëschbränn an Europa, illustréiert mat kënschtlechem Damp a verbranntem Holz, dat aus dem Mëllerdall kënnt, wou am Juli dëst Joer e Feier war. Déi lescht Méint wieren nëmmen e Virgeschmaach gewiescht vum Klimawandel, seet d’Claudine Felten vun natur&ëmwelt a.s.b.l.: "Et ass einfach en Theema, wat jidderee beréiert, no dësem Summer wësse mir alleguer, d’Klimakris ass do, an dat hu mir haut zum Ausdrock bruecht. Mir hoffen natierlech, dass d’Politik dee Message och ophëlt an handelt."

De Progrès an der Klimapolitik wier ze lues an d’Changementer misste méi séier kommen. Dofir sinn d’Fuerderungen un d’Politik kloer: “Que les députés dans cette chambre et le gouvernement également prennent conscience et agissent de façon plus ambitieuse et plus rapide. Le ministre de l’environnement déclarait ce matin qu'il espérait que l’Europe adopte une position plus modérée pour la prochaine COP, alors que c’est le contraire qu’il faudrait faire,” esou de Gauthier Hansel.

Mir misste séier fort vun de fossillen Energien an d’Land misst op dat aktuellt an zukünftegt Klima preparéiert ginn, dass virun allem déi vulnerabel an isoléiert Leit kënne geschützt ginn.

Och d'DP huet bei der parlamentarescher Rentrée hire Fokus op de Klimaschutz geluecht:

Back to Top
CIM LOGO