
Um 11:40 Auer war tëscht der Fiels an Angelsbierg en Automobilist vun der Fuerbunn ofkomm an an de Gruef geroden. Dobäi huet hie sech mat sengem Gefier iwwerschloen a koum duerno blesséiert an d'Klinik. Am Asaz waren d'Ambulanzen aus der Fiels a vu Jonglënster, grad esou wéi d'Pompjeeën aus der Fiels.
Kuerz viru 16 Auer war et op der Escher Autobunn A4, tëscht Féiz an Esch, zu engem Accident komm, an deen zwee Autoe verwéckelt waren. Zwou Persoune sinn dobäi blesséiert ginn, op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Schëffleng, an eng weider Ambulanz vun Esch.
Géint 16:30 Auer war et zu Dikrech an der Rue Alexis Heck zu engem Accident komm. Do blouf et beim Materialschued. Ambulanz a Pompjeeën aus der Nordstad waren dohin.
Nëmmen e puer Minutte méi spéit war tëscht Schëffleng a Biergem en Automobilist widder e Bam gerannt a gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren de Samu, d'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Esch, nieft de Pompjeeë vu Schëffleng.