Bilan BCEE2023 war fir d‘Spuerkeess um Enn ee gutt Joer, wann och mat Erausfuerderungen

Monique Kater
Stéchwierder waren och bei der BCEE Polykrisen, héich Zënsen, Inflatioun an déck Problemer am Logement.
2023 war fir d‘Spuerkeess um Enn ee gutt Joer, wann och mat Erausfuerderungen
Stéchwierder waren och bei der BCEE Polykrisen, héich Zënsen, Inflatioun an déck Problemer am Logement.

Fir d’éischt déi plakeg Chifferen. D’Bilanszomm ass mat 56 Milliarden Euro stabel bliwwen. D’Depote vun de Cliente louche bei eppes iwwer 40 Milliarden Euro. D’Clienten hate fir 27 Milliarde Prête lafen, de Gros beim Logement De “Produit bancaire”, also haaptsächlech d’Zënsen, Dividende bei Participatiounen oder nach ënnert anerem Kommissiounen, alles dat koum op iwwer eng Milliard.

Ënnert dem Stréch blouf een Netto-Benefice vun iwwer 400 Milliounen Euro, een historesche Rekord. De Staat huet och profitéiert a kritt e Virement an Héicht vun 120 Milliounen Euro.

Trotz Logementskris sinn zejoert bei der Spuerkeess knapp 2.500 Immobilieprête gemaach ginn: Manner wéi soss, ma ëmmerhin.

Bei der Spuerkeess, déi dem Staat gehéiert, geet et wuel ëm Geld, ma net nëmmen. D’Missioun bleift d’Entwécklung vum Land ekonomesch an och sozial ze begleeden, esou d’Generaldirektesch Françoise Thoma.

Wat d’Zukunft betrëfft, esou geet et do ëm Cybersécherheet, Digitalisatioun an d’Agencen als Kärstéck ze moderniséieren an ze dezentraliséieren. Weiderhi wier et och an Zukunft wichteg, e kompetent Personal ze hunn, ze halen an nei anzestellen.

PDF: Spuerkeess présente ses comptes annuels 2023

Back to Top
CIM LOGO