D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Yoga mat Welpen, waarm Frigoen a krank Planzen

Monica Camposeo
Julie Thilges
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 18. Oktober 2026
Dës Woch mat: Yoga mat Welpen, waarm Frigoen a krank Planzen.

E wichtegt Thema hei am Land war dës Woch d'Feierbakterie. Déi huet bei verschidde Riefstäck op der Musel eng Krankheet ausgeléist. Dowéinst kënne lo do keng Drauwe méi wuessen an déi Planze musse souguer komplett verbrannt ginn, fir dass sech d'Krankheet net weider verbreet. Dann erkläre mer an eisem Noriichteniwwerbléck och, wisou a Frankräich bemol Frigoen d'Glacë gehëtzt hunn, amplaz se ze killen. An dann hu mer eis och de Puppy Yoga hei am Land ugekuckt. Yoga mat Déiere, besonnesch mat Welpen, maachen, soll berouegen. Mee fir déi kleng Déiere selwer, ass dat vill Stress. Dowéinst gouf Puppy Yoga elo hei am Land fir den Ament emol gestoppt. A mir kucken och op d'Zockersteier an Däitschland an erklären, wat dat iwwerhaapt bedeit a wéi een Impakt dat wäert hunn op de Präis vu Gedrénks mat vill Zocker.

Am Reportage huet d’Julie mat de Kannerreporter, dem Nevio an dem Finja, eng Kënschtlerin getraff. D'Lynn Kunnert huet zu Esch seng Konschtschoul opgemaach a moolt virun allem am Pop-Art-Stil. Wéi seng Konscht ausgesäit, wat hatt alles mécht a firwat hatt eng Schoul gegrënnt huet, ginn d'Finja an den Nevio dann am Interview gewuer. A fir dass si selwer eng Kéier konnten ausprobéieren, wéi een am Pop-Art-Stil moolt, hat d'Lynn sech eppes flottes afale gelooss, fir hinnen dëse Konschtstil méi no ze bréngen.

Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt Dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

All d'Emissiounen um RTL Play

Kannaniuuss

KannaTivi

Eis Stëmmen

Back to Top
CIM LOGO