
Si haten déi ëffentlech Rou gestéiert an/oder waren eng Gefor fir sech an anerer, esou datt si no engem medezineschen Check an de Passagearrest koumen. An alle Fäll war Alkohol involvéiert. Et wieren déi entspriechend Protokoller geschriwwe ginn, heescht et vun der Police.
Zu Esch gouf géint 1:15 Auer d'Personal vum CHEM duerch eng Persoun belästegt, déi staark ënner Alkoholafloss stoung. Änlech war et an der Rue de la Fail zu Nidderfeelen, wou d'Police ëm kuerz no 3 Auer wéinst enger Persoun geruff gouf, déi gebläert huet. Si huet sech de Beamte géigeniwwer net kooperativ beholl, heescht et am Bulletin.
Vill Kaméidi gouf och an der Rue Aloyse Kayser zu Schëffleng gemaach, wou der Police géint 4:20 Auer dräi besonnesch haart Persoune virun engem Café gemellt goufen. Si ware virdru schonn aus dem Café geflunn, woubäi och d'Police an den Asaz komm war. Wou d'Beamte si nees virun der Dier ugetraff hunn, sinn déi dräi sichtlech alkoholiséiert Leit ëmmer méi onkooperativ ginn.
Virun enger Disko an der Rue du Fort Neipperg an der Stad koum et an de fréie Moiesstonne vum Sonndeg dann nach zu enger Kläpperei, an där d'Police misst intervenéieren. Géint 5.40 Auer waren d'Beamten op d'Plaz geruff ginn. Ee vun de Bedeelegten huet säi Bescht ginn, d'Beamten an d'Kläpperei ze involvéieren an huet probéiert, si unzegräifen. Zum Schutz vun de Beamte gouf déi betraffe Persoun mat "policetechnesche Grëff immobiliséiert", heescht et am Policebulletin. Si koum an de Passagearrest, wou si hire Rausch ausschlofe konnt.
Nach eng Kläpperei gouf et géint 6.18 Auer an der Avenue de la Gare. Eng Persoun hat eng Platzwonn un der Nues. Wou d'Police kontrolléiert huet, huet eng Persoun probéiert ze flüchten. D'Beamte konnte si awer no kuerzer Zäit anhuelen. Déi staark alkoholiséiert Persoun huet allerdéngs staark Widderstand geleescht.