Op eise StroossenDräi Accidenter um Sonndeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moie koum et direkt zu dräi Accidenter am Stroosseverkéier.
© Laurent Weber

Den éischten Accident war kuerz no siwen Auer zu Dippech, wéi hei zwee Ween net laanschtenee koumen. D'Rettungsekippe vun Dippech a Mamer waren op der Plaz a mellen ee Blesséierten.

Och d'Stater Ekippe melle ee Verletzte bei engem Accident mat dräi Ween an der Avenue Emile Reuter an der Stad. Da koum et nach zu engem Accident tëscht der Lëpschter Dällt a Houschent. De Blesséierte gouf vun den Ekippe vu Buerschent versuergt.

Da mellt de CGDIS nach e Container a Brand um Belval. Hei waren déi Escher Pompjeeën op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO