Deelt Är Erfarunge mat eisDir hutt Schwieregkeeten, Äert Doheem energeetesch ëmzestellen? Da mellt Iech

Claude Zeimetz
Am Virfeld vun der nächster Emissioun "Studio2" si mir un Ären Erfarungen a Saachen Energietransitioun interesséiert.
En Installateur bei der Maintenance vun enger Wärmepompel.
En Installateur bei der Maintenance vun enger Wärmepompel.
© duallogic on Envato

De Klimawiessel ass nom Rekordsummer nees an d'Käpp vu ville Leit zréckkomm an d'Präisser fir fossil Energië kennen wéinst den aktuelle Kricher op der Welt an de geopoliteschen Tensiounen just eng Richtung an zwar no uewen. Duerfir sinn eng ganz Partie Leit amgaang, ëmzestellen oder setze sech méi intensiv mat der energeetescher Transitioun auserneen. Déi ass awer bei Neibauten dacks méi einfach ëmzesetzen wéi am Bestand.

Gehéiert Dir zu deenen, déi plangen oder amgaang sinn, fir är Wunneng nodréiglech op erneierbar Energien ëmzestellen? Hutt Dir wëlles, ären alen Masuttstank oder d'Gasheizung fir eng Wärmepompel ze tauschen? An hutt Dir dobäi Obstakele begéint? Hat der Iech d'Ëmstellung méi einfach virgestallt, wéi et um Enn war. Da si mer un ärem Temoignage interesséiert.

Mir sichen no individuellen Erfarungsberichter am Kader vun eiser nächster Emissioun “Studio2” an där et ëm d'Energie, d'Versuergungssécherheet an d'Transitioun goe soll. Zu engem Moment, an deem keen Enn vun den héijen Energiepräisser an Aussiicht ass.

Back to Top
CIM LOGO