Silvesterpartyen zu Lëtzebuerg2024 Äddi soen: Am Altersheem zu Heeschdref an op Technoparty an der Luxexpo

RTL Lëtzebuerg
Zu Heeschdref am Altersheem gouf 2025 begréisst. 25 Pensionären hunn zesumme mat der Silvesterekipp an d'neit Joer eragefeiert.

Musek fir matzesangen a matzedanzen, kale Plat an Dessert stoungen den 31.Dezember um Menü.

D’Iddi, fir dës Feier op d’Been ze stellen, koum vun enger Matbewunnerin am Altersheem. Enner Frënn a Kolleegen an d’neit Joer erafeieren, mécht Spaass. A virun allem: Et ass keen eleng op dësem besonneschen Owend. Et gouf gelaacht, gegeckst.

Silvesterpartyen zu Lëtzebuerg
2024 Äddi soen: Am Altersheem zu Heeschdref an op Technoparty an der Luxexpo

Gefeiert gouf Silvester awer och an den Ausstellungshalen. Hei waren déi Jonk am Gaangen, an 2025 eranzefeieren. Technomusek gouf et op d’Oueren. Fir de Countdown kuerz virun Hallefnuecht war och jidderee prett fir matzezielen. Punkt 00.00 Auer loung all Mënsch sech an den Äerm an et gouf op 2025 geprost.

Awer och soss gouf op ville Plazen am Land an d’neit Joer era gefeiert.

D’RTL-Ekipp wënscht Iech e schéint neit Joer 2025!

Back to Top
CIM LOGO