Plenière an der ChamberSproochecoursë fir méi Lëtzebuergesch an de Betreiungsstrukturen

Monica Camposeo
Méi Plazen, nei Beruffsprofiller a méi Lëtzebuergesch-sproochegt Personal an de Betreiungsstrukturen. Dovu schwätzt den Educatiounsminister Claude Meisch an enger parlamentarescher Fro.
Am Ganze ginn et landeswäit 78.677 Plazen a Betreiungsstrukturen.
© Ksenia Chernaya via Pexels

Bal 2.000 nei Plaze sinn dëst Joer an de Betreiungsstrukturen nei opgaangen. Dat Äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch um Mëttwoch an der Chamber op d'Fro vun der LSAP-Deputéierte Francine Closener. Bis 2030 soll jo fir all Kand eng Plaz disponibel sinn, wann d'Elteren déi Offer da brauchen. Esou steet et op mannst am Koalitiounsaccord. D'Datelag ass elo ëmmerhi besser, esou d'Francine Closener. Si wollt wëssen, wou een aktuell dru wier, fir d’Zil vun der Regierung ëmzesetzen.

Et ass gewosst, dass a verschidde Gemenge Plazen an de Betreiungsstrukture fräi sinn. Mee net ëmmer sinn d'Kapazitéiten och do wou se tatsächlech gebraucht ginn. Dat huet och de Claude Meisch a senger Äntwert virun den Deputéierte confirméiert, ma et wier een awer um gudde Wee.

Am Ganze ginn et landeswäit 78.677 Plazen a Betreiungsstrukturen. Iwwer 78.000 Kanner kënnen deemno an de Crèchen, Maison Relaisen oder anere Strukture betreit ginn. 2013 ass e Kand an der Moyenne 28 Stonne pro Woch betreit ginn. Dat gëllt fir konventionéiert Strukturen. Haut läit d’Moyenne bei 28,3 Stonne pro Kand a pro Woch. D’Zuel vun de Stonnen huet sech also net grouss verännert, och wann de Ministère a Richtung Gratuitéit gaangen ass an antëscht och méi Plazen offréiert, huet de Claude Meisch nach betount.

Net just Quantitéit ausbauen, mee och Qualitéit

Et soll awer net nëmmen an d'Quantitéit investéiert ginn, huet et weider geheescht. Aktuell géing mam Secteur eng Diskussioun doriwwer gefouert ginn, wéi eng aner Beruffsprofiller an d'Kategorie vum qualifizéierte Personal kënne mat opgeholl ginn. Dat kéint vill Virdeeler hunn, wann an enger Struktur zum Beispill net nëmmen Educatricen an Educateure schaffen.

Et soll dann och mam Secteur zesummen eng Rekrutéierungscampagne lancéiert ginn, fir déi ënnerschiddlech Beruffer aus der nonformeller Bildung méi bekannt ze maachen. Doriwwer eraus soll beim Personal och déi Lëtzebuergesch Sprooch méi valoriséiert ginn.

"Mir hu mam Institut national des langues och spezifesch ausgeriichte Sproochecoursen op Lëtzebuergesch fir Personal ausgeschafft, dat nach net Lëtzebuergesch schwätzt, déi awer an de Beräich vun der Kannerbetreiung wëlle schaffe goen. Fir dass mer méi Lëtzebuergesch-sproochegt Personal hunn."

Och Dageseltere sollen da weiderhin ënnerstëtzt ginn. Mat der Reform vun de Chèques Service Accueil gëtt och eng nei ëffentlech Administratioun geschaaft. Dës Agence soll d'Entwécklung vun der Qualitéit an de jeeweilege Strukture reegelméisseg iwwerpréiwen.

Back to Top
CIM LOGO