LuxDidac 2026SNE schléit Alarm: Net genuch Beweegung bei de Kanner ass fatal

Dany Rasqué
D'Wëssenschaft weist: Kanner léiere besser, wa se sech beweegen!
Kanner brauchen dem SNE no méi Beweegung.
© Tima Miroschnichenko

Am Lëtzebuerger Schoulsystem sëtze se awer zimmlech vill. Am Bus, am Unterrecht - wann net grad Turnen um Programm steet, um Wee fir heem an dono vläicht nach an der Museksschoul.

SNE warnt virun ze mann Beweegung bei Kanner / Reportage Dany Rasqué

Kanner a Jonker mussen d'Méiglechkeet kréien, sech méi ze beweegen. Dat war d'Haaptfuerderung op der Ouverture vun der Luxdidac en Dënschdeg den Owend am Centre Culturel zu Bouneweg. Den SNE, de Syndicat national des enseignants, schléit nämlech Alarm. Kanner a Jonker géifen ëmmer méi iwwergewiichteg, jo esouguer fettleiweg ginn.

Dobäi ass de President vum SNE, de Patrick Remakel, dovunner iwwerzeegt, datt Beweegung och fir besser Schoulresultater kéint suergen. Fir hie gehéieren en aktive Kierper an en aktive Geescht zesummen. D'Fro ass just, wéi kritt ee méi Beweegung an d'Schoul?

"Et ass natierlech schonn eleng am Sportunterrecht, wou mer am Fong geholl misste kucken, dass mer och déi richteg Infrastrukturen um Site selwer hätten, fir dass net vill Zäit verluer geet duerch Busfaarten. Dat heescht schonn emol, et ass am Sportunterrecht selwer, wou mer musse probéieren, méi Zäit eranzekréien. Qualitéit hu mer, mee et ass eeben d'Zäit, déi feelt."

Nieft dem Sportunterrecht nennt de Patrick Remakel och d'Konzept vun der beweegter Schoul, eng pedagogesch Approche, déi Beweegung net just mam Turne verbënnt, mä wou se e feste Bestanddeel vum Schoulalldag ass.

E Konzept, datt och den Educatiounsminister Claude Meisch begréisst. Vill Etüde géife weisen, datt ee Saache besser verhält, wann ee sech beim Léiere beweegt. Also 10 Pompelen, wann een d'Vokabelen net geléiert huet?

"Nee, dat gesäit éischter esou aus, datt ee Vokabele mol eng Kéier ka sangen an datt ee Vokabele mat kann danzen an datt wann een Ziele léiert a Rechne léiert, datt een dat mat Sprange ka maachen, also dat geet och wierklech vun deene klenge Kanner ganz, ganz flott un. A mir hu Materialien an d'Schoulen och ginn, wéi se dat kënne maachen, awer och, jo, ganz vill Formatiounen, déi mer och ginn, wéi een zum Beispill Beweegung an den normalen Unterrecht, net nëmmen de Sportunterrecht, mee den normalen Unterrecht kann integréieren."

Donieft seet de Claude Meisch géif och an de Maisons-relaise fir méi Beweegung gesuergt ginn an op den ënneschte Lycéesklassen ass eng drëtt Stonn Sport agefouert ginn.
Fir de President vun der Feduse, de Raoul Scholtes, spillen awer wéi esou dacks och d'Elteren eng wichteg Roll.

"Dat gëllt souwuel fir d'Beweegung, fir de Sport wéi fir alles an der Schoul. Et kann ëmmer nëmmen da fonctionéieren, wa Schoul an Elterenhaus zesummeschaffen. An dat ass jo och, wat een am Alldag mierkt. Do, wou et fonctionéiert, ass déi Kommunikatioun an dat Zesummeschaffen an do, wou et net esou gutt leeft, feelt et ganz dacks dorunner."

De Patrick Remakel huet nach ënnerstrach, datt Kanner am Contraire zu Erwuessene keng Smartwatch brauchen, déi hinnen Owes seet, datt nach 4.000 Schrëtt feelen. Op der Luxdidac, déi sech notamment un Enseignanten adresséiert, fënnt een dëst Joer national an international Aussteller, déi geziilt Material a Miwwele presentéieren, déi dofir suergen, datt d'Kanner net dee ganzen Dag roueg op engem Stull musse setzen.

Back to Top
CIM LOGO