SNHBM: Joresrapport 2019226 Chantieren ofgeschloss an 266 neier ugefaangen

Jeannot Ries
Bis elo konnt d'Société Nationale des Habitations à Bon Marché nach ni an engem Joer 226 Chantieren ofschléissen.
SNHBM: 226 Chantieren ofgeschloss an 266 neier ugefaangen
Bis elo konnt d'Société Nationale des Habitations à Bon Marché nach ni an engem Joer 226 Chantieren ofschléissen.

SNHBM - Joresrapport 2019 / Reportage Dany Rasqué

An domadder Famillen oder eenzele Persounen de Schlëssel fir hiert neit Doheem ginn. Dat ass en neie Rekord, iwwert dee sech den Direkter vun der SNHBM, de Guy Entringer, gefreet huet, wéi en en Dënschdeg de Moien de Rapport vun zejoert virgestallt huet.

Donieft gouf op 266 neie Chantieren ugefaangen ze schaffen an d'Zuel vun all de Chantiere louch d'lescht Joer bei 961.
Eng vun de Prioritéite vun der SNHBM ass et, nei Locatiounswunnengen ze bauen. Als Zil hat ee sech 50 Logementer d'Joer gesat. D'lescht Joer hunn 48 nei Chantieren ugefaangen.

Uganks Oktober haten Dosende Leit virum Siège vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché campéiert, fir moies fréi als éischt kënnen hiren Dossier eranzereechen. Dorop hunn déi Responsabel reagéiert an d'Krittäre geännert.

Extrait Guy Entringer

Den Direkter Guy Entringer: Déi Krittäre gesinn an Zukunft keng Urgence méi vir, fir en Dossier ofzeginn. Natierlech spillt ëmmer eng gewëss Prioritéit e Rôle. Wa Leit e Lien hu mat enger Gemeng, wou e Projet ass. Mä et ass awer esou, dass mer eng gewësse Punkteform agefouert hunn, wou mer kucken, wéi vill Punkte kréien d'Leit, fir da méi prioritär eng Wunneng ze kréien, respektiv mir droen dem Fait Rechnung, wéi déi aktuell Zesummesetzung vum Stot ass. Dat heescht mir huelen déi Leit mat zwee Kanner oder méi vir. Dono kommen déi Famille mat engem Kand an dono eréischt d'Koppelen oder d'Célibatairen. Esou dass mer d'Wunnenge besser, vläicht méi komplett, kënnen ausstatte vun der Unzuel vu Leit, déi do liewen.

Immobilie-Spekulatioun ausbremsen

Dem spekulative Gewënn den Hals zou dréinen. D'Société Nationale des Habitations à Bon Marché wëll hei kloer, hire Bausteen bäidroen.

Schonn 1921 haten déi Responsabel vun der SNHBM e Réckkafsrecht decidéiert. Awer just op 10 Joer. Deemools en innovative Schrëtt. Séier huet sech awer eraus gestallt, dat deen Zäitraum ze kuerz war. D'Buch, iwwer d'100 Joer SNHBM, gouf ongewollt zu engem impressionanten Zäitraffer, wat d'Immobilie-Spekulatioun zu Lëtzebuerg ubelaangt. D'Iddi abordabele Wunnengsraum ze schafen, huet iwwer Joerzéngt gigantesch Plus-Values generéiert. Bis den Anker geworf gouf, mam Bail emphytéotique.

"Wärend 99 Joer muss de Client d'Wunneng un eis zeréckginn. Am Akt vum Notär steet genau de 'Mode de Calcule' dran. Wéi dat gerechent gëtt. Déi eicht 3 Joer bleift de Präis deen nämmlechten. An da gëtt de Präis un de Bauindex ugepasst an 1% Amortissement fort. Dat heescht d'Leit kréien ëmmer sécher, op d'mannst bis dat 85. Joer, dat Geld erëm, wat se bezuelt hunn. Ma net de spekulative Gewënn ass mat dran. "

Hei géif d'SNHBM, als ee vun den eenzegen Acteuren um Marché, dem Uleies vun der Regierung entgéingt kommen, sou den Direkter Guy Entringer weider.

PDF: Presentatioun vum Joresrapport 2019

Back to Top
CIM LOGO