Am "Kloertext" vun den Donnescheg den Owend stinn d'25 Joer Télévie am Mëttelpunkt. Mat dobäi: Dokteren a Betraffener – dorënner eng jonk Patientin, déi selwer géint Kriibs gekämpft huet.
D'Constance, haut 13 Joer al, erënnert sech un d'Diagnos Hodgkin-Lymphom am 4. Stadium. "Ech wousst, dass et Kriibs gëtt, mee net dass ee sou e Kriibs kéint kréien." De Moment vun der Diagnos war e Schock: "Ech hat och Angscht ze stierwen". Mee hir Doktesch an hir Elteren hätten hir séier Hoffnung ginn, datt et méiglech ass, de Kriibs ze behandelen.
Och d'Nancy Arendt erzielt, wéi hiren Hautkriibs entdeckt gouf. "Et war kee grousse Fleck. En ass einfach just ëmmer e bësse méi donkel ginn". No baussen huet de Fleck harmlos gewierkt, en ass awer an d'Déift gewuess.
Nieft dëse perséinleche Geschichte gouf och op d'Entwécklung vun der Fuerschung zeréckgekuckt. Den Onkolog Guy Berchem beschreift, wéi komplex d'Kriibsfuerschung nach ëmmer ass: "Mir hu Schwieregkeeten an der Behandlung, well mer e Motor flécke wëllen, ouni e ganz ze verstoen" . Trotzdeem wier de Fortschrëtt evident, besonnesch wat den Immunsystem ugeet. Do wier vill Progrès gemaach ginn, an d'Therapië wieren haut manner aggressiv, wéi si et eng Kéier waren.
Nieft der Behandlung spillt och de Liewensstil eng wichteg Roll. D'Nancy Arendt huet hir Gewunnechten no der Diagnos geännert: "Dat vun der Ernärung war eppes, wat ech direkt ëmgesat hunn". Si hätt bewosst manner Zocker an Alkohol konsuméiert, well grad Zocker géing Kriibs fidderen, hat eng Frëndin hir gesot.
Och aus medezinescher Siicht gëtt op Preventioun higewisen. Den Hemato-Onkolog Sebastien Rinaldetti warnt virun de Konsequenze vu laxe Reegelen: "Et wär ganz naiv ze soen, dass bëlleg Tariffer vun Alkohol an Tubak net zu méi Kriibsfäll féieren."
Hie mécht och op eng paradox Situatioun opmierksam: "Wann een Tubak ofgewinne wëll, muss een den Nikotinpatch selwer bezuelen". Do léich de Ball bei der Politik.
Ma net nëmmen an dësem Beräich: Genannt gëtt d'Beispill vun enger elengerzéiender Mamm, där hiert Kand dauerhaft Hëllef brauch, dat wéinst uergem Kriibs. Nodeems si Congé de Maladie geholl huet, hëlt si elo normale Congé, well soss kee Moyen do ass, fir sech ëm hiert Kand ze këmmeren. Esou Fäll misste gehollef kréien. An do gouf och den Droit à l'oubli als weidert Thema genannt.
Gutt Noriichte ginn et awer och: Den Télévie hätt an de leschte 25 Joer vill zur Fuerschung bäigedroen: "Mir hunn duerch den Télévie ganz vill Projete kënne maachen, déi mer soss net hätten“, esou den Dr. Berchem.
Nieft dem Anniversaire vum Télévie steet och en anere Moment am Fokus: den Abschid vum "Kloertext".
"Am Oktober 2007 war den éischte Kloertext op Sendung gaangen. Haut ass et de leschten", seet d'Caroline Mart um Enn vun der Emissioun. "Et ass un der Zäit, dass eppes Neies kënnt, mat neie Leit."