Tëscht dem 15. an 28. Juni huet d'Police eng gréisser Campagne fir d'Sécherheet op de Stroossen uechter d'Land duerchgefouert. Am Fokus stoung dobäi virun allem d'Notzung vum Handy hannert dem Steier, wou am Ganzen 333 Verwarnungen a Form vun engem Protokoll vun 250 Euro a véier Punkten ausgeschriwwe goufen.
Och d'Pabeiere goufe méi genee kontrolléiert, woubäi d'Police 310 Mol e Protokoll ginn huet.
Nieft dem Handy an de Pabeiere gouf et nach eng Rei weider Verstéiss: 73 Mol konnten d'Chauffere kee Permis virweisen, 25 Mol kee Certificat d'immatriculation, 24 Mol keng Assurance, 79 Mol keng Steiervignette an 102 Mol kee Certificat vum Contrôle technique.