Mat Fläsch op de Kapp geschloenZu Rippeg sinn e Sonndeg den Owend zwou Persounen unenee geroden

Andy Brücker
Ee vun hinne louch um Enn um Buedem a war vu sech, den anere gouf vun der Police matgeholl.
© RTL

D'Police krut e Sonndeg den Owend eng Kläpperei tëscht zwee Männer op der N11 zu Rippeg gemellt. Wéi d'Beamte bis op der Plaz waren, hu se eng Persoun gesinn, déi vu sech war an um Buedem louch, dat mat enger Platzwonn um Kapp.

Éischten Informatiounen no hate béid involvéiert Persounen e gewëssenen Alkoholpeegel, wat dierft dozou bäigedroen hunn, dass et zum Sträit komm ass. Dobäi hätt den Täter dann dem Affer mat enger Fläsch op de Kapp geschloen, wouropshin dëst d'Bewosstsinn verluer huet.

Nodeems d'Affer nach op der Plaz behandelt gouf, koum et duerno an d'Spidol.

De presuméierten Täter koum no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest.

Back to Top
CIM LOGO