Tëscht 2018 an 20233.639 Leit koume wéinst ze vill Alkohol an d'Spidol, 3% ware mannerjäreg

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 3.600 Leit goufen tëscht 2018 an 2023 zu Lëtzebuerg wéinst exzessivem Alkoholkonsum hospitaliséiert, 3% dovu ware Mannerjäreger.
© AFP

D’Zuel vun de Mannerjäregen, déi an Däitschland wéinst exzessivem Alkoholkonsum a Spideeler koumen, huet op ee Joer gekuckt ëm en Drëttel ofgeholl. Dat geet aus enger Etüd vun den däitsche Krankekeesen iwwert déi sougenannt jonk “Rauschtrinker” ervir.

Och hei am Land ass de Phenomen vu Mannerjäregen, déi sou vill gedronk hunn, datt si an d’Spidol ageliwwert goufen, minim - dëst waren nëmmen 3% vun den am ganzen 3.639 alkoholiséierte Patienten, déi tëscht 2018 an 2023 an e Spidol hu misse kommen.

Den Taux vun Alkoholvergëftunge bei Jonken tëscht 12 an 18 Joer läit domat bei nëmmen 0,04% am Joer 2023 - an Däitschland bei 0,14%. Déi meescht Persounen, déi sech de Kapp vun de Schëllere gedronk haten, goufen tëscht de Méint Juli an Oktober hei am Land a Spideeler transportéiert.

D’Gesondheetsministesch plangt iwwerdeem, fir dem Nationale Programm géint den Alkoholmëssbrauch eng méi durabel a laangfristeg Ausriichtung ze ginn. Dat äntwert d’CSV-Ministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten Duo Gilles Baum an André Bauler.

Back to Top
CIM LOGO