CGDIS3 Blesséierter bei 2 Accidenter um Méindeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Op der A6 tëscht dem Briddel a Capellen sinn e Méindeg géint 17 Auer en Auto an eng Camionnette anenee gerannt.

Wéi de CGDIS schreift, wieren zwou Persoune verwonnt ginn. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Mamer a Koler, grad ewéi Ambulanze vu Mamer a Stengefort.

Géint 18.30 Auer sinn tëscht Téiteng a Rëmeleng en Auto an e Bus net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert. Den Escher SAMU war op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi d’Pompjeeë vu Keel a Rëmeleng an d’Ambulanz vun Diddeleng. Wéi d’Police an hirem Bulletin preziséiert, war et de Chauffer aus dem Auto, dee blesséiert gouf. Den Alkoholtest war dann och positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO