Cyberattack op FrigoenIT-Expert: Och Lëtzebuerg muss aus esou Virfäll léieren

Pierre Weimerskirch
Déi gehackte Frigoen a franséische Supermarchéë géife weisen, wéi wichteg et ass, Schwaachstellen ze identifizéieren an op Sécherheetsrisiken ze reagéieren, och am Grand-Duché, esou en IT-Expert am Interview.
© PHILIP DULIAN/dpa Picture-Alliance via AFP

Duerch eng Cyberattack op Frigoen an Honnerte Supermarchéen a Frankräich goufe grouss Quantitéiten u frëschen an déifgefruere Liewensmëttel waarm an hu missen ewechgehäit ginn.

Fir e Lëtzebuerger IT-Expert, mat deem RTL geschwat huet an dee fir dësen Artikel net mam Numm genannt wëll ginn, geet d’Bedeitung vun dësem Virfall wäit iwwer déi betraffe Supermarchéen eraus.

D’Attack géif weisen, wéi vulnerabel och technesch Anlagen am Alldag kënne sinn, déi net direkt als Deel vun der IT-Infrastruktur wouergeholl ginn. Bei der IT-Sécherheet géif een éischter u Computeren a Serveren denken.

Den Tëschefall a Frankräich wier eng sougenannte “Supply-Chain-Attack” gewiescht. Bei esou enger Attack gëtt éischter e Fournisseur an dem seng Produite viséiert an doduerch vill méi Affer erreecht.

Et hätt och kënne Lëtzebuerg treffen

Dës Kéier wier Frankräich betraff gewiescht, mee et hätt och Lëtzebuerg kënne sinn, esou d’Aschätzung vum IT-Expert. Hie betount awer, datt hien net beurteele kéint, ob déi konkreet Schwaachstellen och hei am Land bestinn oder, ob déi entspriechend Anlagen zu Lëtzebuerg besser protegéiert sinn.

Den éischte Schrëtt wier, iwwerhaapt e Bewosstsi fir d’Risiken ze entwéckelen.

Acteuren, déi hannert esou Cyberattacke stinn, wiere gutt vernetzt a géifen d’Schwaachstellen identifizéieren. Fir sech un déi nei Forme vun Attacken unzepassen, géif et dacks ze laang daueren, d’Entscheedungsweeër wieren ze laang.

Et kann een dovun ausgoen, dass och duerch den aktuelle geopolitesche Kontext esou Attacken an Zukunft nach méi heefeg virkommen.

Déi richteg Léieren zeien

Fir den IT-Expert wier et entscheedend, déi richteg Léieren aus esou Tëschefäll wéi a Frankräich ze zeien. Entreprisen, déi net selwer betraff sinn, kënne mat enger gewësser Distanz analyséieren, wat geschitt ass, fir déi eege Infrastruktur ze iwwerpréiwen.

Et sollt een net waarden, bis ee selwer Affer gëtt, mee déi néideg Risikoanalys maachen, fir op d’mannst de Risiko esou gutt et geet ze minimiséieren.

Back to Top
CIM LOGO