
An der Arelerstrooss zu Bruch koum et kuerz viru 14 Auer zu engem Feier an enger Kichen. D’Rettungsekippe vu Béiwen un der Atert, Tënten, Miersch a Stengefort waren op der Plaz. Zwou Persoune goufe verwonnt. Beim Materialschued ass et zu Péiteng bliwwen, wou op der Place de la Liberation eng Poubelle gebrannt huet. Hei war de lokale Rettungszenter op der Plaz.
An direkt dräi Situatiounen hat sech en Auto iwwerschloen, dat tëscht dem Antoniushaff an Houfelt, tëscht Schieren a Steegen esou wéi Wolz an Noutem. Beim leschtgenannte war och de Rettungshelikopter geruff ginn, deen d’Ekippe vu Wolz a Géisdref ënnerstëtzt huet. Bei den aneren zwee Fäll blouf et beim Materialschued.
Ee Blesséierte gouf et dann och nach tëscht Housen a Maarnech, wéi en Auto an e Camion sech ze pake kruten. Wei waren d’Ekippe vu Klierf an Housen op der Plaz.