
Et kënnt net all Dag fir, datt dräi nei Buergermeeschteren vereedegt goufen. Dëse Freideg war dat awer am Inneministère de Fall.
Zu Beetebuerg ersetzt de Jean-Marie Jans de Laurent Zeimet, deen nom Depart vum Marc Spautz an d’Regierung d’Charge vum CSV-Fraktiounschef iwwerholl huet. Neie Schäffe gëtt den CSV-Politiker Alain Gillet.
Zu Bech huet d’Jill Goeres missten no engem Mësstrauensvote ersat ginn. Neie Buergermeeschter gëtt de Max Pesch, iwwerdeem d’Schäffen d’Bibi Wintersdorf an de Norbert Classen sinn.
Och zu Esch-Sauer gëtt et eng nei Gemengemamm. An der Successioun vum Laurent Hilger, dee sech aus gesondheetleche Grënn zeréckgezunn hat, gouf d’Mireille Welter haut vum Inneminister Gloden vereedegt, iwwerdeen de Jeannot Sanavia Schäffen an der Sauergemeng gëtt.