
Geschitt ass dëst op der A13 tëscht Helleng a Fréiseng. Eng Persoun gouf hei blesséiert.
Op der A3 tëscht Diddeleng an dem Beetebuerger Kräiz ass dann e Motocyclist gefall. Hei waren d’Rettungsekippe vu Beetebuerg an Diddeleng op der Plaz.
Zwee Auto krute sech dann och zu Gréiwemaacher op der Alkerrech ze paken. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn.
Blesséiert gouf och eng Persoun zu Mamer an der Route d’Arlon. E Motocyclist hat d’Kontroll verluer an ass gefall. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vu Mamer an der Stad.