Police3 jonk Leit festgeholl no bluddeger Ausernanersetzung zu Iechternach

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, krute sech e puer Persounen e Mëttwoch um 2 Auer moies op der Maartplaz zu Iechternach an d'Hoer.
© RTL Archivbild

Eng Persoun huet Schnëttverletzungen dovugedroen a koum mëttelschwéier blesséiert an d'Spidol. Dräi jonk Männer goufen op Uerder vum Dikrecher Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter. D'Police ermëttelt.

Zu Esch gouf e Mëttwoch den Owend  géint 19.20 Auer e jonke Mann vun 3 Onbekannten iwwerfall. Hie krut ënner anerem Gezei a säi Sonnebrëll geklaut. Déi Verdächteg konnten erëmfonnt an déi geklaute Saache séchergestallt ginn. Eng Plainte gouf deposéiert.

E Mëttwoch am spéide Moie koum et nach zu engem Virfall zu Eech op enger Bensinsstatioun. Hei krut eng Persoun hir Auer geklaut. En Onbekannten hat dem Affer se vum Handgelenk gerappt. D'Ermëttlunge lafen.

Alkoholkontrollen

Op Uerder vum Parquet goufen e Mëttwoch tëscht 19.45 an 23.15 Auer op der Wemperhaart an op der Houschter Déckt d'Chaufferen op Alkohol kontrolléiert. 548 Persounen hu misse blosen an 9 Mol war den Test positiv. 3 Permise goufen agezunn.

Zwee Permise goufen dann nach an der Nuecht an der Stad an zu Esch agezunn. D'Automobiliste waren duerch hiren negative Fuerstil opgefall. A béide Fäll war Alkohol am Spill.

Back to Top
CIM LOGO