An der Monnerecher Gemeng aktivExkommunikatioun vun de Pius-Bridder aus der kathoulescher Kierch – och Lëtzebuerg ass betraff 

Monique Kater
De Kardinol mécht sech Suergen ëm déi Gleeweg, déi sech de Pius-Bridder no spieren.

Dës Leit wieren deels liicht ze beaflossen a kéinten Affer gi vun der Ideologie vun de Pius-Bridder. Deenen hir Benelux-Sektioun ass och hei am Land aktiv. Zu Biergem ginn an enger privater Kapell op der Lameschmillen Masse gehalen. Fir d’Bridder zu Lëtzebuerg gëllt dat selwecht wéi fir all déi aner, sief et Laien, Bëscheef oder Paschtéier; och si sinn, nodeems den 1. Juli, ouni den Accord vum Poopst, Bëscheef geweit goufen, net méi Deel vun der kathoulescher Kierch!.

D'Pius-Bridder traue sech eppes, eng Revolt géint en Uerder respektiv e Verbuet vu Roum. Nom Schisme, der Ofspaltung vun der kathoulescher Kierch, trëtt se automatesch a Kraaft – d’Exkommunikatioun. Well esou steet et am Kiercherecht. An dat gëllt iwwerall a fir jiddereen, och fir d’Pius-Bridder hei bei eis am Land. Déi treffe sech an der Monnerecher Gemeng, op der Lameschmillen, an där hirer St Hubert-Kapell...eng privat Geschicht, déi iwwer d’Benelux geréiert gëtt. Am klenge Lëtzebuerg kennt ee sech, och ouni Nimm ze nennen ... wéi de Jean Ehret dat och mécht; hien ass Direkter vum ale Seminaire, der Luxembourg School for religion and society. Et géif e puer Familljen zu Lëtzebuerg; mee allgemeng wier et awer schwéier, rationell mat dëse Leit ze schwätzen.

Zu Biergem gëtt 2 mol an der Woch eng Mass gehal, steet op hirem Online-Site – nom Stil vu virun 1970. D’Kierch hei wéilt no deene kucken, déi sech elo, mat der Exkommunikatioun, net méi wuel fille bei de Konservativen. Zum Beispill mat engem Stil Liturgie wéi a Clausen, streng an op Latäin.

Dat wier eng vun de ville Forme vu Liturgien, déi et gëtt an déi ee sech kann eraussichen, sou de Jean Ehret. Dat wier jo och an der Rei – de Problem vun de Pius-Bridder léich jo och net do, mee bei hirer Weltuschauung – hei gëtt et méi wéi een No go, confirméiert de Kardinol Jean-Claude Hollerich, dee seet, datt si keen Dialog mat anere Reliounen, mat aneren Chrëschten wéilten – an d’Mënscherechter wieren hinnen egal)

Déi, déi sech heiranner kloer zu de Pius-Bridder bekennen, si mat de Paschtéier oder Bëscheef exkommunizéiert, seet de Jean Ehret, Chef vum fréiere Seminaire. Wéi laang déi Exkommunikatioun déi Kéier dauert – wie weess ... d’Pius-Bridder gesi sech effektiv net am Feeler a maache weider, bestëmmt och an der Kapell St Hubert.   

Back to Top
CIM LOGO