Besuergt GewerkschaftOGBL fuerdert méi Ënnerstëtzung fir Schoulen a Betreiungsstrukturen

Claudia Kollwelter
Enseignanten, donieft awer och Polizisten an d’Personal am ëffentlechen Transport melle méi verbal a physesch Aggressiounen an e Manktem u Respekt.
Archivfoto
© RTL

Den OGBL warnt virun enger geféierlecher gesellschaftlecher Entwécklung. D'Gewalt géint Personal an ëffentlechen Institutioune hëlt zou. Dat weise rezent Ëmfroe bei der Police an an de Schoulen.

Enseignanten, Polizisten an och d’Personal am ëffentlechen Transport melle méi verbal a physesch Aggressiounen an e Manktem u Respekt. Vill Virfäll ginn net emol méi gemellt, well d’Gefill besteet, dass et keng Konsequenze gëtt.

Gewalt géif ëmmer méi banaliséiert ginn, wärend Reegelen an Autoritéit ëmmer méi a Fro gestallt géifen, bedauert den OGBL. Dobäi wier et wichteg, scho fréi kloer Grenzen, Respekt a Frustratiounstoleranz ze vermëttelen.

D’Gewerkschaft fuerdert méi Ënnerstëtzung fir Schoulen a Betreiungsstrukturen, méi fréi Interventioune bei problemateschem Verhalen an e bessere Schutz fir Personal an Affer. Eng demokratesch Gesellschaft bräicht nieft Empathie a Solidaritéit och kloer Reegelen a Konsequenzen.

Back to Top
CIM LOGO