Tripartite nächst WochSozialpartner kruten an der Informatiounsronn net all Froe beäntwert

Michèle Sinner
Et sollt een elo "emol d’Zuele verdauen". Dat hat de Premier Luc Frieden no der Informatiounsronn vun der Tripartite virun zwou Woche gesot.
© SIP / Sophie Margue

Déi Zuelen, déi de Statec do virgedroen huet, sinn elo public. Ma net op all Froe vun de Sozialpartner hat de Statec Äntwerte prett. Aner Donnéeë werfe vläicht méi Froen op, wéi se der beäntwerten.

D’Union des syndicats hat schonn ugekënnegt, datt si an der Tripartite och wéilt iwwert de Mindestloun schwätzen. An do riskéiert elo erëm eng Kontrovers ëm d’Zuelen ze entstoen. De Statec huet do nämlech eng Grafik virgeluecht, no där de Niveau de vie bannent 10 Joer bis 2015 an der Moyenne ëm 50 Prozent op knapp 5.000 Euro de Mount geklomme wär.

Tripartite nächst Woch: D'Zuele vum Statec aus der Preparatiouns-Reunioun sinn elo public a werfen zum Deel méi Froen op, wéi se der beäntwerten.

Ass Lëtzebuerg also Schlaraffeland? Den Dylan Theis, Ekonomist vun der Chambre des salariés, warnt dréngend, genee ze kucken, wat sech hannert deem Indicateur verstoppt: "Am Joer 2025 war d'Duerchschnëttsakommes vun engem Stot 50 Prozent méi héich, wéi dat 2015 de Fall war. Et wëll awer op kee Fall soen, dass hiren effektiven Niveau de vie 50 Prozent méi héich ginn ass, well tëschent 2015 an 2025 sinn och d'Liewenskäschte weesentlech an d'Luucht gaangen."

Dat heescht, hei ass d’Inflatioun net berengegt ginn.

"Mir wëssen, dass alles méi deier gëtt, d'Leit hunn och méi Geld an der Täsch. An do ass et eebe wichteg ze gesinn, wat bleift dann Enn des Mounts nach iwwereg, wann een deene Liewenskäschten och Rechnung dréit?", sou den Dylan Theis weider.

Dobäi kënnt, datt bei dem Indicateur an deene leschte fënnef Joer véiermol d'Methodologie geännert gouf. Dat gëllt och fir den Taux vum Aarmutsrisiko. Do gesäit et elo sou aus, wéi wann den Aarmutsrisiko vun 2024 op 2025 considerabel zréckgangene wier.

Den Dylan Theis begréisst ausdrécklech, datt d’Qualitéit vun den Date besser gëtt. Ma se wieren elo einfach net méi mat de Jore virdru vergläichbar: "An dat erschwéiert et engem natierlech ganz, ganz staark eng Analys, eng politesch Analys ze maachen, fir ze kucken, vu wou komme mer a wou sti mer? Gëtt elo ënnerschiddlech gemooss an et ass opgrond vun där Evolutioun, wou dann och d'Fro gestallt ginn ass, dass et wichteg wier, dass een déi al Donnéeën dann och mat der neier Methodologie eng Kéier misst rechnen. Och wann dat natierlech opwenneg ass, wier et awer wichteg, fir e seriöen Debat kënnen ze féieren, iwwert d'Entwécklung vun deenen Indicateuren."

Et wier soss och net méiglech, den éischten nationale Plang géint d’Aarmut auszewäerten, warnt den Ekonomist.

Fir de Recht enthalen d’Ënnerlagen déi nämmlecht Statistiken, op déi d’Regierung hir Decisioun gestäipt huet, fir de Mindestloun och en Vue vun der EU-Mindestloundirektiv net ze erhéijen: déi vun Eurostat, deenen no de Mindestloun elo scho bal 60 Prozent vum Medianakommes entspriechen. Ma déi d’Gewerkschafte kontestéieren, well beim Medianakommes keng Primmen, Boni oder 13. Mount berécksiichtegt sinn.

Déi vill methodologesch Bréch bei der Berechnung vum Aarmutsrisiko maachen et awer och schwiereg, an der Tripartite ze diskutéieren, wie muss ënnert d’Äerm gegraff kréien, wa wéinst dem Krich am Iran d’Energiepräisser klammen.

De Premier hat schonn am Virfeld versprach, datt den Index a Stee gemeesselt wier. Mee fir d’Gewerkschafte gëtt et och nach aner Stellschrauwen, wann een d’Kafkraaft wëll erhalen: déi verschidde Steierkreditter, deenen hir Seuilen net ugepasst goufen.

Den Dylan Theis seet: "2017, wou de Crédit d'impôt salarié agefouert gouf, krut jiddereen de volle Betrag. Deemools waren et 50 Euro op de Mount, haut sinn et nach ëmmer just 50 Euro op de Mount, déi krut jiddereen, dee manner wéi 40.000 Euro Joresakommes hat. A mat de verschidden Indextranchen, mat der nominaler Erhéijung vum Loun, ouni dass ee reell awer vläicht esou méi gesinn huet, fält een an déi degressiv Tranchen an da verléiert een iergendwann eng Kéier de Benefice vun deene Steierkreditter. Justement an deem Zesummenhang, wou déi Donnéeë wierklech och néideg sinn, fir ze kucken, wéi vill Leit missten en haut theoreetesch kréien, obwuel se en net kréien, well déi Tranchen ni ugepasst goufen."

Kee weess, wat "Trickle-down economics" bréngen

Aner Froe bleiwen de Moment nach komplett op. Sou haten d’Gewerkschaften zum Beispill gefrot, wéi een Impakt d’Baisse vun de Steiere fir d’Entreprisen op d’Croissance, den Aarbechtsmaart, d’Staatsfinanzen an d’Kreatioun vun neien Entreprisen hätten. En gros hu si also gefrot, ob dem Premier Luc Frieden seng neo-liberal Promesse funktionéiert, datt Steierbaisse fir d’Betriber positiv Effekter fir jidderee mat sech bréngen.

Ma op dës Fro huet de Statec keng Äntwert. Esou eng detailléiert Analys géif et à ce stade net ginn, steet an den Dokumenter.

Aus deene geet och ervir, datt d’Margen an der Real-Ekonomie, also ausserhalb vum Finanzwiesen, an deene leschten zwee Joer zréckgoungen, dat well d’Aktivitéit an de Services aux entreprises, dem Commerce an den Informatiounstechnologien zréckgoungen, d’Personalbestänn awer net.

Ma trotz de méi niddrege Margen hu sech d’Aktionären d’lescht Joer anstänneg Dividenden ausbezuelt: 30 Prozent am Verglach mam Bruttoresultat. Dat ass vill méi wéi am Frankräich oder der Belsch. Dobäi hunn d’Betriber hei am Land manner investéiert, wéi an allen Nopeschlänner oder der Eurozon.

Presentation STATEC 12.05.2026.pdf
AJOUT - Données - Tripartite.pdf
AJOUT - Questions OGBL LCGB_STATEC.pdf
AJOUT - Questions UEL_STATEC.pdf
20260512_Tripartite_Point énergie.pdf

Back to Top
CIM LOGO