
Eng europäesch Preferenz? Dajee alt, mee se muss intelligent sinn ... dat soen d'Vertrieder vun der Lëtzebuerger Industrie. D'Fedil huet op enger Pressekonferenz e Mëttwoch betount: wirtschaftlech Oppenheet misst d'Reegel bleiwen.
D'Pläng vun der EU-Kommissioun, fir mat protektionistesche Mesuren d'Industrie ze stäerken, wiere wéinst den internationalen Tensiounen nozevollzéien, mee et wier alles eng Fro vum Dosage, sou de weidere Constat.
A strategesche Beräicher wéi der Defense, Santé, Informatik, propper Technologien oder nach essentiellen Industrien ewéi Stol an Alluminium soll ee roueg europäesch Produiten op Marchés publics virzéien, esou d'Fedil. Hiren Direkter René Winkin huet betount: Fir kënnen Alternative unzebidden, bräicht Europa iwwerhaapt Mol d'Viraussetzungen dofir.
Den Yves Germaux, Beroder bei der Fedil, sot, et misst ee sech ganz bewosst sinn, datt d'europäesch Preferenz net all d'Problemer géing léisen. Et misst een d'strukturell "Hindernisser" an de Grëff kréien, ewéi déi héich Energiekäschten, administrativ Prozeduren oder nach de Manktem u Finanzementer.
D'EU wier a ville Beräicher hannendran, ewéi dat hei Beispill weise géing: 75 Prozent vun de globale Rechecapacitéite fir Kënschtlech Intelligenz wieren an US-Amerikaneschen Hänn, just 5 Prozent an europäeschen.
De Georges Santer, Beroder bei der Fedil, seet, dowéinst misst massiv investéiert ginn. Dofir missten awer Mol d'Prozedure méi séier a méi einfach ginn.
Hien huet fir eng "strategesch a proaktiv Planung" plädéiert, fir Terrainen fir Infrastruktur z'identifizéieren an auszeweisen. Parallel dozou misst dat alles un d'Energiestrategie gekoppelt ginn, fir der Demande och kënne gerecht ze ginn.
D'Vertrieder vun der Lëtzebuerger Industrie hunn och drop higewisen, datt et jo schonn Anti-Dumping Reegelen a Krittäre gëtt, mat deenen d'EU sech protegéiert – d'Fedil recommandéiert, déi méi effikass a séier ze maachen. Nei Couchen drop kéinten duerno "administrativ Fale" ginn, sou d'Warnung.