
E puer Patrulle sinn op d'Plaz gefuer, wou si de Mann dann och konnten untreffen. D'Beamten hunn eng Matraque an e Messer bei him séchergestallt. Et gouf e Protokoll erstallt an de Mann gouf an de Centre de rétention bruecht.
Iwwerdeems krut d'Police eng Partie Abréch gemellt.
En Dënschdeg am Nomëtteg ass en onbekannten Täter an en Haus zu Pënsch agebrach an huet dëst duerchwullt. Och zu Éileng gouf an en Haus agebrach. Hei haten d'Brigangen eng Fënster opgebrach, fir eranzekommen.
Ob eppes geklaut gouf, ass a béide Fäll net gewosst. D'Enquête lafen.