
Éischten Informatiounen no ass de Cyclist mat héijer Vitess a Richtung vun der Rue Scheierhaff gefuer, wou en abrupt lénks eriwwergefuer ass a géint Bushaische gerannt ass. Do wier de Vëlosfuerer dunn duerch d'Glasscheif gebrach, woubäi hie schwéier blesséiert gouf.
Eng Policepatrull huet de blesséierte Cyclist op der Plaz fonnt. De Schwéierblesséierte koum no enger Rei Éischt-Hëllef-Mesurë fir weider Traitementer an d'Spidol.
Zu Esch ass dann e Mëttwoch de Moien géint 6:40 Auer nach ee Cyclist an der Rue d'Ehlerange gefall a gouf dobäi blesséiert. Eng Ambulanz vun Esch war op der Plaz.