A Presenz vum Ierfgroussherzog Guillaume a sengem Monni, dem Prënz Guillaume, gouf eng Rekordzuel vun 323 Jonke fir hiert Engagement ausgezeechent.
De Jonken hir ausserschoulesch Engagementer an Aktivitéite promouvéieren an unerkennen: Dofir setzt sech d’Fondatioun Mérite Jeunesse schonn zanter iwwer dräi Joerzéngten hei am Land an. Den Héichpunkt ass all Joers d’Diplomiwwerreechung vun deene jonke Laureaten an dëst Joer waren dat der ganzer 323, esou vill ewéi nach ni. Eng Entwécklung, déi ee gefreet huet, esou d’Jil Baustert, eng vun de Responsabele vum Mérite Jeunesse.
“Mir ware selwer e bëssen iwwerrascht vun eisem eegene Succès, wéi mir dann do de Bilan gezunn hunn, dass mer iwwer 300 Laureaten haten, wat eis natierlech ganz gefreet huet, well dat och weist, dass d’Beléiftheet vum Programm ëmmer weider wiisst. An ech mengen, et ass och wichteg, deene Jonken d’Méiglechkeeten ze ginn, sech ausserhalb vun der Schoul weider ze entwéckelen an hirem eegene Rhythmus a fokusséiert op hir Stäerkten.”
Sport, Talent, Benevolat an Expeditioun: Dat sinn déi véier Volete vum Mérite Jeunesse. Mat engem individuelle Programm kënnen déi Jonk hei och nei Passiounen entdecken.
“Wat elo méi spannend war, géif ech soen, war meng Gold-Expeditioun, dat war nämlech mam Vëlo, wou ech vu Wolz bis op Knokke op d’belsch Plage gefuer sinn. An dat war wierklech flott an ech mengen, do hunn ech och wierklech d’Passioun fir d’Vëlofueren nach méi entdeckt. Ech si schonn ëmmer gär gefuer, mee do hunn ech gesinn, och esou laang Strecken, dat ass wierklech eppes fir mech.”, esou de Mathis Wisser, dee beim Gold-Programm matgemaach huet.
Ma net nëmmen de Sports- a Gemeinschaftsgeescht ginn am Programm gestäerkt, och fir déi Jonk perséinlech huet hir Participatioun ee groussen Impakt gehat:
“De ganze Projet Mérite Jeunesse huet mech enorm a mengem perséinleche Liewe weiderbruecht. Virun allem, ech soen elo mol, a menge soziale Kompetenzen. Och dass ech heiansdo méi iwwert mäin eegene Schied sprangen an ech hunn och méi den Ëmgang mat jonke Leit geléiert, well ech eben och Nohëllef ginn hunn.”, esou d’Julie Schaltz, déi hire Bronze-Diplom krut.
A senger Usproch ass den Ierfgroussherzog Guillaume drop agaangen, dass grad an esou schwieregen Zäite wéi elo jonk engagéiert Leit gebraucht ginn, déi am Häerz vun eiser demokratescher Gesellschaft stinn a sech fir déi asetzen. D’Wëssen och baussent dem Klassesall ass dofir och enorm wichteg an dowéinst wier et ëmsou méi schéin ze gesinn, dass esou Projete wéi de Mérite Jeunesse nach ëmmer vill Jonker unzéien a motivéieren.