D'Joer an der Chamber38 ëffentlech Sëtzungen, 122 Stonnen Debat an 80 Gesetzprojeten

Jean-Marc Sturm
D’Parlament huet d’Zuele vun der parlamentarescher Aarbecht vum leschte Chamberjoer verëffentlecht.

No de Parlamentswalen den 8. Oktober zejoert war d’Chamber déck zwou Wochen drop, den 24. Oktober, nees eng éischte Kéier beieneen. Dat ass ëmmer den 3. Dënschdeg no Walen esou de Fall. Zënterhier war et ee gutt gefëllte Calepin fir d’Deputéiert an d’Leit vun der Verwaltung um Krautmaart.

Bis d’Summerpaus waren d’Deputéiert zënter dem Hierscht no de Wale fir 38 ëffentlech Sitzunge beieneen. Et gouf wärend 122 Stonnen debattéiert.

D’Chamber huet nun emol zwou Haaptmissiounen, Gesetzprojet’en- a Propositiounen ze debattéieren, an driwwer ofzestëmmen. Parallel ass et d’Kontroll vun deem wat d’Regierung esou mécht.

Bei der legislativer Aarbecht steet virop dat ganz Geschaffs hannert de Kulissen, mat besonnesch de Chamberkommissiounen. Där ginn et der ëmmerhin eng 30. Déi waren zënter Enn Oktober am Cumul 485 mol beieneen.

D’Deputéiert hunn an den 38 ëffentleche Seancen 80 Gesetzprojeten duerchdiskutéiert a gestëmmt, mat virop dem Budgetsprojet 2024, dee wéinst de Walen zäitlech versat gestëmmt gi war an eng Zort Iwwergangsbudget ass “en attendant” am Dezember de Vote vum Budget 2025 .

Bei der Kontrollfunktioun vun der Chamber, dominéieren d’Parlamentaresch Froe vun den Deputéierten un eenzel Ressortministeren. Et gouf där bal 1.100. Derbäi 3 Debatten no Regierungsdeklaratiounen. Déi wuel wichtegst war dem Premier Frieden seng Erklärung iwwert d’Lag vun der Natioun den 11. Juni.

Eng Neierung an der neier Legislatur war d’Aféiere vun der Live-Iwwerdroung vun de Sëtzungen vun de Kommissioune fir Logement, Landwirtschaft, Ëmwelt, respektiv Educatioun a Medien*. 46 Reunioune sinn iwwert de Site vun der Chamber chd.lu gestreamt ginn.

De produktiivste Mount haten eis éierbar Deputéiert am Juni mat 103 Reuniounen am Ganzen dovunner 79 an de Kommissiounen a 7 ëffentlech Sëtzungen. Dee Mount goufe 17 Gesetzprojeten debattéiert a gestëmmt.

Dee labberste Mount war am Januar, also direkt no der Chrëschtvakanz, mat just enger ëffentlecher Sëtzung an enger Kommissiounssëtzung.


*Am Schreiwes um Internetsite www.chd.lu war um Freideg de Moien ze liesen, dass och d’Kulturkommissioun live iwwerdroe géif ginn. Dat géif awer esou net stëmmen, huet eis den André Bauler, President vun der Kulturkommissioun matgedeelt.Spéider war et d’Informatioun, dass dëst eréischt no enger Testphas géif ëmgesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO