CGDIS4 Blesséierter bei 3 Accidenter um Donneschdeowend

RTL Lëtzebuerg
Zu Gonnereng goufen zwou Persounen an engem Accident blesséiert. Zwee Autoe ware géint 17.30 Auer a Richtung Waldhaff anenee gerannt.

Zu Alzeng huet en Trakter gebrannt. Do blouf et beim Materialschued.

Op der Tréierer Autobunn ass dann am spéiden Owend um 21.30 Auer a Motocyclist gefall a gouf blesséiert.

Ee Blesséierter gouf et donieft tëscht Fluessweiler an Dräibuer. Hei war en Automobilist an e Bam gerannt.

Back to Top
CIM LOGO