CGDIS4 Blesséierter bei 3 Accidenter um Mëttwoch Owend

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Blesséierter e Mëttwoch den Owend, wéi zu Zolwer zwee Autoen aneneegerannt sinn.

Bei der Kollisioun vun engem Moto an engem Auto op der Escher Autobunn tëscht Lalleng a Féiz gouf et ee Blesséierten, de Samu war op der Plaz. An zu Diddeleng gouf eng Persoun verwonnt, wéi se vun engem Auto ugestouss gouf.

Am Lokalen gouf et den Donneschdeg de Moie kuerz virun 8 Auer en Accident op der Escher Autobunn. En Automobilist war tëscht Leideleng an der Stad an d'Leitplanke gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO