
Géint 14.40 Auer sinn op der A1 tëscht dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald zwee Autoen anenee gerannt.
Kuerz no 15 Auer ass an der Géigend vu Mompech e Motocyclist mat senger Maschinn gefall.
Quasi ëm déi selwecht Zäit sinn op der N17 tëscht Gilsdref an der Bleesbréck 2 Autoen net laanschtenee komm.
Géint 15.45 da gouf et e weideren Accident tëscht 2 Autoen, dat op der N10 tëscht dem Grondhaff an Déiljen.
Bei all dësen Accidenter gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.