
Um Beetebuerger Kräiz ware 4 Autoen an ee Moto matenee kollidéiert. 3 Persoune goufe blesséiert. D’Ambulanze vun Diddeleng a Schëffleng an d’Pompjeeë vun Diddeleng a Keel waren am Asaz.
Ee méi uergen Accident gouf et da géint 10.20 Auer op der N6 tëscht Mamer a Kapellen. Hei goufen zwou Persoune blesséiert, wéi zwee Autoe frontal aneneegerannt waren. D’Ambulanze vu Mamer an aus der Stad, de Samu aus der Stad an d’Pompjeeë vu Mamer waren hei op der Plaz.