
Géint 8.40 Auer hate sech zu Bieles an der Rue de l’Usine zwee Autoen ze pake kritt. D’Ambulanz vun Esch an d’Pompjeeën aus dem Asazzenter SaDiff hu sech hei missen ëm eng blesséiert Persoun këmmeren.
Knapps eng Stonn drop war an der Lëtzebuerger Strooss zu Beetebuerg e Motocyclist mat engem Auto kollidéiert. D’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Beetebuerg sinn hei an den Asaz geruff ginn.
E weideren Accident tëscht engem Auto an engem Moto gouf et dann um 10.09 Auer op der A13 an Direktioun Péiteng. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng a vun Esch.