
D’Pompjeeë vun Nidderaanwen a Kanech waren op der Plaz, grad ewéi eng Ambulanz aus der Stad. Zwou Persoune goufe verwonnt.
Géint 14.45 dann ass zu Clierf an der Maarnecher Strooss e Motocyclist mat senger Maschinn gefall. Och hei goufen zwou Persoune blesséiert. D’Pompjeeë vu Clierf goufen an den Asaz geruff, grad ewéi Ambulanze vu Clierf a Wolz.