Coronavirus zu Lëtzebuerg40 Positiver bei 7.094 Tester

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL-Archivbild

Aktuell sinn 13 (-7) Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 (-1) op der Intensivstatioun. De leschten Doudesfall gouf den 1. Juni gemellt.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 702 aktiv Infektiounen. 68.863 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze goufe bis ewell 414.382 Dosisse genotzt. 2.712 Leit kruten e Méindeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 5.091 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO