
Entspriechend vill hate Pompjeeën a Secouristen ze dinn, och wann et keng gréisser Tëschefäll oder Blesséierter gouf. An awer: wéinst dem naasse Buedem sinn op ville Plaze Beem ëmgefall, wëll d’Wuerzele keen Halt méi haten.
Am RTL-Interview huet de Colonel Steve Mack vum 112 vun engen 400 Appelle wärend zwou Stonne geschwat, déi entgéint geholl goufen. 65 Asätz wéinst Beem déi entwuerzelt gi sinn, goufen un d’Ekippen vun de Ponts et Chaussées weidergeleet, déi d’Stroosse geraumt hunn.
Bei weideren 19 Interventioune war den CGDIS dann am Asaz, well Beem op Diecher gefall waren an dës beschiedegt goufen.
D’Wand-Situatioun ass amgaange sech ze berouegen, sou datt fir e Méindeg den Owend net mat weideren Tëschefäll ze rechnen ass - laanscht d’Musel bleift ee wéinst dem Héichwaasser iwwerdeem vigilent.