
Dat si 45% méi auslännesch Wieler wéi bei de Gemengewalen 2017. Déi Chifferen nennt de Cefis, de Centre d’étude et de formation interculturelles et sociales, an enger neier Etüd, wou och op d’Europawale gekuckt gouf.
D’Residenzklausel vu 5 Joer fir sech op de Wielerlëschten anzeschreiwen, ass jo ewechgefall.
D’Entwécklung wär positiv, sou de Cefis. Wat awer opfält, wier den Ënnerscheed vun der Participatioun, wat d’Generatiounen ugeet. Vun den auslännesche Persounen iwwer 65 Joer hunn 32% gewielt, bei de Persounen tëscht 18 a 24 Joer just 5%.