Eng Persoun koum an Arrest45 Mol huet d'Police missen eraus wéinst Streidereien, Kläppereien a Kaméidi

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, war an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg nawell méi lass.
© RTL Archivbild

Am Ganzen huet d’Police misse 45 Mol an den Asaz well et zu Streidereien a Kläppereie koum oder well d’Nuetsrou gestéiert gouf. An de meeschte Fäll konnt d’Situatioun nach op der Plaz gekläert ginn.

Bei engem Virfall méi spéit an der Nuecht zu Esch op der Héicht vun der Gare, hunn d’Beamten awer missen agräifen. Eng Kläpperei war gemellt ginn.

Eng Kläpperei huet d’Patrull, déi kucke gefuer war, allerdéngs net virfonnt, dofir awer en offensichtlech alkoholiséierte Mann. Dësen huet sech aggressiv beholl a Foussgänger ugepöbelt.

Well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum de Mann no enger Kontroll duerch en Dokter an Arrest.

Back to Top
CIM LOGO