Komplizéiert Plënner-Aktioun46 Beem goufe vun der Strooss op e Feld verplanzt

Olivier Catani
Et war eng Plënneraktioun wéi se an deem Ausmooss net all Dag virkënnt.
46 Beem goufe vun der Strooss op e Feld verplanzt
Et war eng Plënneraktioun wéi se an deem Ausmooss net all Dag virkënnt.

Um Boulevard Konrad Adenauer um Kierchbierg goufe viru kuerzem 46 Beem aus dem Buedem ausgeschëppt an op enger anerer Plaz nei verplanzt. Si musse Plaz maache fir de Chantier vun enger neier Streck fir den Tram.

Den Ernest Brandenburger ass Landschaftsgäertner a mat responsabel duerfir, dass näischt schifgeet. Déi 46 Beem goufe geziilt erausgesicht, well ee sech bei deenen déi gréisste Chance ausrechent, dass se d’Plënneraktioun och iwwerstinn. Oppasse sollt een och bei ale Beem. Déi géife sech net esou gutt akklimatiséiere wéi jonker. Et kéint ee ganz einfach net all Bam verplanzen. Och wann den Ernest Brandenburger dat reegelméisseg vu Gemengeresponsabele géif gefrot ginn.

Fir dass e verplanzte Bam eng Chance huet, wier et wichteg, dass een och nom Plënnere gutt nom ëm kuckt. Et muss een déi verplanzte Beem direkt nom Plënneren nach emol fräischëppen an d’Wuerzelen, déi ugeknackst sinn, riicht ofschneiden. Ob den Opwand fir eng Verplanzung sech ekonomesch gesi rechent, dat kéint een net pauschal beäntwerten. Fir den Ernest Brandenburger wier et awer kloer, dass et op d’mannst am Fall vun de 46 Beem um Kierchbierg um Enn méi bëlleg gëtt, d’Beem ze verplanzen, wéi nei grouss Beem ze kafen. “Hei ass et definitiv rentabel fir et ze maachen. Déi Operatioun hei kascht e puer Dausend Euro (pro Bam, Nott vun der Redaktioun). Wann der elo awer e Bam an där doter Gréisst, deen an der Bamschoul aachtmol verplanzt ginn ass, mam Transport an alles, gëtt deen neie Bam honnertprozenteg méi deier wéi dat heiten”. Vill géif och dovun ofhänken, wou d’Beem stinn, ob ee se einfach erauskritt oder den Opwand ze grouss an deier gëtt. Well een zum Beispill vill um Reseau am Buedem misst schaffen. Et wier och e Choix, dass een net ëmmer alles nei keeft, mee am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft versicht, esou vill wéi méiglech bestoend Beem ze erhalen.

Spektakulär war eng Bam-Plënner-Aktioun am Oktober d’lescht Joer zu Esch-Uelzecht. Eng spezialiséiert Firma aus dem Ausland huet eng 80 bis 100 Joer al Platan erausgeholl. Mat engem Wuerzel-Balle vu véier op véier Meter. Wéinst dem Chantier vum séieren Tram hätt d’Platan an den nächste Joer egal wéi missen ewechgeholl ginn.

De Chef vun der Escher Bam-Ekipp Claude Werer géif sech natierlech freeën, wann de Bam et packt. Seng Hand duerfir an d’Feier leeën, wéilt en awer net. En ass virsiichteg optimistesch. Bis elo hätt awer alles geklappt wéi geplangt. Ob d’Aarbecht an den Invest sech um Enn loune wäerten oder een awer besser gehat hätt, de Bam am Kader vum Tramschantier direkt ze ëmzemaachen, dat wäert sech da weisen.

Back to Top
CIM LOGO