
Fir de 46 Joer-ale Chauffeur vum Motor aus Frankräich sollt all Hëllef ze spéit kommen. Seng Bäifuererin hannendrop gouf schwéier blesséiert an d’Spidol bruecht. Och den Automobilist a seng Bäifuererin koume fir eng Kontroll an d’Klinik.
De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht mat enger Enquête chargéiert. Den Auto gouf saiséiert an eng Autopsie gefrot.