An déi gro Poubelle5,4 Kilo al Kleeder pro Awunner ginn all Joer an der Moyenne falsch entsuergt

Roy Grotz
Dobäi ginn et am Land iwwer 555 Kleedercontaineren, wouranner déi benotzt Kleeder u sech kéinten dra kommen.
© Envato / Kasiopeja999

5,4 Kilo al Kleeder landen d’Joer an der Moyenne pro Awunner nach an der groer Poubelle - u sech eng Plaz wou nëmmen dierf Reschtoffall dra kommen. An de Kleedercontainere goufen 2023 eng knapp 5.200 Tonnen Textilien a Kleeder gesammelt, déi awer zum gréissten Deel an d’Ausland bruecht ginn, fir do triéiert a verwäert ze ginn. Nëmmen en Deel vun de gebrauchte Kleeder gëtt hei am Land nach benotzt. D’Gemenge sinn awer dem Ëmweltminister no gehalen an hire lokalen Recycling-Zentren eng méi cibléiert Kollekt z’organiséieren.

Den Opbau vu regionale Kleeder-Recycling-Strukturen als Economie Circulaire bleift deemno nach e laange Wee, fir d’Weeër tëscht Kollekt, Triage an Nees-Gebrauche vun den Textilie-Masse méi kleng ze maachen.

Link: Parlamentaresch Fro & d’Äntwert

Back to Top
CIM LOGO