CGDIS5 Blesséierter bei 3 Accidenter um Mëttwoch de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsdéngschter hu mussen an den Asaz, well op der Autobunn A3 kuerz no 12 Auer zwéi Wee kollidéiert sinn.

Dat tëschent de Sortien Diddeleng a Beetebuerg. Zwou Persoune goufe blesséiert.

Um 12.15 Auer hat et zu Hesper an der Rue de Gasperich gerabbelt. Een Auto war am Coup. 3 Leit goufe verwonnt.

Ëm 12.30 Auer ass en Auto tëschent Keel a Schëffleng op den Daach gaangen. Hei blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO