
Ëm déi nämmlecht Zäit hu sech 2 Automobilisten op der Diddelenger Autobunn Direktioun Metz um Niveau vun der Aire de Berchem ze pake kritt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
Um 15.17 Auer war et op der Escher Autobunn Direktioun Stad tëscht Leideleng Süden a Leideleng Norden ee Chauffer, dee widder d’Leitplank gefuer ass. E gouf derbäi verwonnt.
Um 16.10 Auer war et dann nees eng Kollisioun tëscht 2 Autoen tëscht Léiweng a Beetebuerg. Heibäi goufen 3 Persoune blesséiert.